Buergbrennen

Buergbrennen ass all Joers den 6. Sonnden virun Ouschteren. Fir dëst Joer fält Buergbrennen op den 10. Mäerz. Ab 18:00 gëtt et Iessen a Gedrénks an um 18:45 geet de Fakelzuch vun der Kierch a Richtung Fussballterrain bei eis Buerg.

Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg an am däitsche Grenzgebitt, an op verschiddene Plazen a Frankräich, deen dora besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent (also den 1. Faaschtsonndeg, och nach Buergsonndeg genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d’Verbrenne vum Wanter duerstellt.