Wie mir sinn?

An de Biber maachen d‘Kanner ënnerschiddlech Erfarungen, déi a Relatioun mat hirem perséinleche Fortschrëtt stinn. Duerch déi verschidden Aktivitéite soll de Biber sech selwer besser kenneléieren an erkennen, datt jiddweree Stäerkten a Schwächten huet a motivéiert ginn, un a mat dësen ze schaffen.

Eis Aktivitéiten

Am Laf vum Joer huelen d‘Biber un ënnerschiddlechen an ofwiesslungsräichen Aktivitéiten deel, déi haaptsächlech an der Natur stattfannen an de Kanner ëmmer nei Erausfuerderunge bidde sollen. Oofgesinn vun eisen normalen Versammlungen an den Gruppenaktivitéiten maachen mir ennert anerem och nach:

- Summercampen (vun ongeféier 3 Deeg)
- Ausflich (zum Beispill op e Bauerenhaff oder an de Beetebuerger Park)
- Nationale Bibertreff

Wéini?

Mir treffen eis e mol de Mount, Samschdes vun 10:00 bis 12:00 um Scouts-Home um Eecherfeld.

Eis Versammlungen dëst Joer sinn:

  • 19.09
  • 17.10
  • 14.11
  • 05.12

Eise Camp nächst Joer ass vum 23 bis de 25. Juli 2027.

Opgepasst: Déi nächst Datumer ginn firum 5. Dezember anoncéiert. An den Vakanzen an op Feierdeeg sinn keng Versammlungen!

Cheffen

  • Anne Faber
  • Giulia Oprea
  • Julie Eyschen
  • Lisa Rippinger
  • Jil Buchler
  • Alain Hennes
  • Yara Künsch

Kontakt

Bei weider Froen, zéckt net eis ze kontaktéieren!

biber@beggen.lgs.lu