Chalet

Geschicht

Am Joer 1960, 3 Joer no der Grënnung vun de Beggener Scouten, hunn mir dëse flotte Chalet vun der Gemeng zur Verfügung gestallt kritt.

Dëse Chalet ass zënterhier onst Home!

No 45 Joer guddem Déngscht war et allerdéngs néideg, och fir den aktuellen Hygiène- a Sécherheets-Bestëmmunge gerecht ze ginn, dësen ze renovéieren.

D'Renovatiounsaarbechten hunn am Joer 2004 ugefaangen 
a konnten am Joer 2007 fäerdeg gestallt ginn.

Zenter 2008 kenne mir Iech eise Chalet erëm Verlounen.

Informatiounen zum Home:

 
  • Eist Home huet 26 Better:
    - Chefdortoire: 2 Better (Handikapéierten gerecht) 
    - Dortoire A: 12 Better
    - Dortoire B: 12 Better
  • D'Kichen an de Service sin fir 30 Leit ausgeluegt.
  • Am Chalet däerfen net méi wéi 26 Leit iwwernuechten.

Wien däerf d'Home lounen:

 
  • Den Chalet däerf laut eisem Kontrakt mat der Gemeng just u Scouts- Jugendorganisatiounen, resp.Schoulklassen asw. verlount ginn.
  • Fir Partyen däerf eise Chalet net gelount ginn.
  • Sollt sech erausstellen, dass de Chalet trotzdem fir eng Party genotzt gouf hale mir ons d'Recht fir d'Kautioun zeréck zebehalen.

Prozedur fir d'Home ze reservéieren :

 
  • Reservatioun online oder iwwer Telefon maachen.
  • De Chalet ass dann provisoresch reservéiert bis dass d'Suen iwwerwise goufen.
  • De Präis kënnt dir Iech an eisem Präisrechner ausrechnen. 
    Konto: CCPLLU // IBAN LU27 0019 7555 1199 5000 // Titulaire : Beggener Guiden a Scouten ASBL
  • Wann d'Suen um Konto sinn kritt en eng Mail, dass de Chalet definitiv reservéiert ass.
  • E pur Deeg virun der Reservatioun misst dann nach eng Kéier eng Mail komme wien em déi agedroen Auerzäit bei de Chalet kënnt a wou deen erreechbar ass. 
  • Dir krit dann de Schlëssel, an alles erkläert.
  • No der Reservatioun kënnt dann erëm een em déi agedroen Auerzäit fir ze kucken op alles an der Rei ass.
  • Da gëtt d'Kautioun op äre Kont zeréck iwwerwisen.
  • Wien Loscht huet kann säi Kommentar an eisem gëllenen Buch androen. 
    (Ouni Kritik kënne mir eis net verbesseren)

Mei Informatiounen:

http://home.beggenerscouten.lu/

Respensabelen: Wolff Michel

Kontakt:  home@beggenerscouten.lu

Disponibiliteit vum Chalet

Party, privat Feieren sinn  net erlaabt am Chalet

Adress vum Chalet:

L-1149 Luxembourg 
224, rue des 7 Arpents

Home St. Christophe Beggen