Chalet

Geschicht

Am Joer 1960, drai Joer no der Grënnung vun de Beggener Scouten, hunn mir dëse flotte Chalet vun der Gemeng zur Verfügung gestallt kritt. Dëse Chalet ass zënterhier onst Home!

No 45 Joer guddem Déngscht war et allerdéngs néideg, fir och den aktuellen Hygiène- a Sécherheets-Bestëmmunge gerecht ze ginn, dësen ze renovéieren.

D’Renovatiounsaarbechten hunn am Joer 2004 ugefaangen, a sinn am Joer 2007 fäerdeg gestallt
ginn. Zenter 2008 kenne mir Iech eise Chalet erëm verlounen.

Adress

Home St. Christophe Beggen
224, rue des 7 Arpents
L-1149 Luxembourg

 

Kontakt

home@beggenerscouten.lu

Responsabelen: Michel Wolff

Allgemeng

• Eist Home huet 26 Better:
– Cheffdortoire: 2 Better (Handicapéierten gerecht)
– Dortoire A: 12 Better
– Dortoire B: 12 Better
• D’Kichen an de Service sinn fir 30 Leit ausgeluecht.
• Am Chalet däerfen net méi wéi 26 Leit iwwernuechten.

Reservatioun

• Kucken op den Chalet zum gewënschten Datum disponibel ass (Disponibilitéit vum Chalet).
• Reservatioun online oder iwwer Telefon maachen.
• De Chalet ass dann provisoresch reservéiert bis dass d’Suen iwwerwise goufen.
• De Präis kënnt dir Iech an eisem Präisrechner ausrechnen.
• Konto: CCPLLU / IBAN LU92 1111 2168 8388 0000
• Wann d’Suen um Konto sinn kritt en eng Mail, dass de Chalet definitiv reservéiert ass.
• E puer Deeg virun ärem Openthalt kritt dir dann eng Mail mat der Info, wien vun eisen Homeverwalter ëm déi vun iech agedroen Auerzäit bei de Chalet kënnt, a wéi dës Persoun erreechbar ass.
• Dir krit dann de Schlëssel iwwerreecht, an alles vun eisem Homeverwalter erkläert.
• No ärem Openthalt kënnt eisen Homeverwalter dann nees laanscht, fir ze kucken op Alles an der
Rei ass.
• Da gëtt d’Kautioun op äre Kont zeréck iwwerwisen.
• Wien Loscht huet kann säi Kommentar an eisem gëllenen Buch androen. (Ouni Kritik kënne mir
eis net verbesseren).

Wien däerf den Chalet Lounen?

• Den Chalet däerf laut eisem Kontrakt mat der Gemeng just u Scouts- a Jugendorganisatiounen,
resp. Schoulklassen asw. verlount ginn.
• Fir Partyen däerf eise Chalet net gelount ginn.
• Sollt sech erausstellen, dass de Chalet trotzdem fir eng Party genotzt gouf hale mir ons d’Recht
fir d’Kautioun zeréck ze behalen.