Wie mir sinn?
An de Wëllefcher leieren ons jonk Guiden a Scouten am Alter vun 8 bis 11 wei se mat der Natur, awer och mat hire Matmënschen ëmgoe sollen, andeems si sech un den Grondiddien vum Scoutismus orientéieren. Virun Allem geet et an den Wëllefcher dorëms nei Frënn kennen ze léieren, sech bei Spiller an der Natur oder och dobannen (wei z.B. Bastelaktivitéiten) géigesäiteg ze ënnerstëtzen, ze hëllefen an zesumme Spaass ze hunn.
Eis Aktivitéiten
D‘Aktivitéite sinn ofwiesslungsräich, altersgerecht, erausfuerderend an oppe fir de Kanner hir Iddien. Bei de Wëllefcher sinn d‘Aktivitéiten dobaussen. D‘Aktivitéite respektéieren ëmmer d‘Kand a seng Entwécklung. Si sinn un hir Interessien ugepasst, maachen awer och Weeër op fir Neies ze entdecken. D‘Aktivitéite bei de Wëllefcher gi vun enger Geschicht oder engem Thema encadréiert.
Nieft den klasseschen Versammlungen participéieren mir och nach um:
- Montée Weekend
- Fakelzuch (Nationalfeierdag & Buergbrennen)
- Wëllefchersrallye
- Ausflich (Schlittschung fueren, Beetebuerger Park,..)
- Summercamp
Wéini?
Mir treffen eis all Samschden um 14:00 zu Beggen am Schoulhaff/ hannert der Kierch. Duerno trëppele mir zu Fouss bei eisen Chalet um Eecherfeld a sinn dann fir 16:15 nees zréck beim Schoulhaff, wou d’Wëllefcher vun den Elteren kennen ofgeholl ginn.
Opgepasst: An den Vakanzen an op Feierdeeg sinn keng Versammlungen!
Eise Camp nächst Joer ass vum 20. bis de 25. Juli 2027.
Cheffen
- Anne Faber
- Giulia Oprea
- Yara Künsch
- Sissi Ao
- Joé Faber
Kontakt
Bei weider Froen, zéckt net eis ze kontaktéieren!
