Wie mir sinn?

Learning by doing!

Dat ass d’Motto no deem eis 11 bis 14-järeg AvEx verschidde Wäerter vum Scoutismus, sou wéi eng Rei Scoutstechniken an Methoden léieren, entdecken an benotzen. Wéi den Numm AvEx (Aventuren an Explorer) schonn verréit, geet et bei eis em d’Entdecken, d’Ausprobéieren, d’Léieren a Kenneléieren, a virun Allem em d’Maachen.
Och an den AvEx kommen Spill a Spaass net ze kuerz! D’Jongen a Meedercher kréien an den AvEx d’Méiglechkeet un villen, flotten nationalen an internationalen Aktivitéiten, Ausflich an Campen deel ze huelen, bei deenen si vill nei Frënn, Länner a Kulturen kennen léieren kënnen.

Eis Aktivitéiten

Montées Weekend
Weekender
Absurdcup (Nationalen AvEx-Treff)
Wantercampen
Summercampen (national oder international)
Ausflich (z.B. an de Kloterpark, op de Bauerenhaff, …)
Aushëllefen bei verschidden Aktivitéiten vum Grupp (z.B. beim Fondue-Owend)

Wéini?

Mir treffen eis all Samschden vun 14:00-16:00 Auer um Scouts-Home um Eecherfeld.

Opgepasst: An den Vakanzen an op Feierdeeg sinn keng Versammlungen!

Cheffen

  • Pâris Leners
  • Cedric Schmit
  • Emma Bervard
  • Julie Miltgen
  • Kimon Leners
  • Michel Eyschen
  • Lou Bervard
  • Sofie Plumer

Kontakt

Bei weider Froen, zeckt net eis ze kontaktéieren!

avex@beggen.lgs.lu