chalet

Chalet

Allgemeng

• Eist Home huet 26 Better:
– Cheffdortoire: 2 Better (Handicapéierten gerecht)
– Dortoire A: 12 Better
– Dortoire B: 12 Better
• D’Kichen an de Service sinn fir 30 Leit ausgeluecht.
• Am Chalet däerfen net méi wéi 26 Leit iwwernuechten.

Wien däerf den Chalet Lounen?

• Den Chalet däerf laut eisem Kontrakt mat der Gemeng just u Scoutsorganisatiounen verlount ginn.
• Fir Partyen däerf eise Chalet net gelount ginn.
• Sollt sech erausstellen, dass de Chalet trotzdem fir eng Party genotzt gouf hale mir ons d’Recht
fir d’Kautioun zeréck ze behalen.

Reservatioun

• De Chalet ass dann provisoresch reservéiert bis dass d’Suen iwwerwise goufen.
• De Präis kënnt dir Iech an eisem Präisrechner ausrechnen.
• Konto: CCPLLU / IBAN LU92 1111 2168 8388 0000
• Wann d’Suen um Konto sinn kritt en eng Mail, dass de Chalet definitiv reservéiert ass.
• E puer Deeg virun ärem Openthalt kritt dir dann eng Mail mat der Info, wien vun eisen Homeverwalter ëm déi vun iech agedroen Auerzäit bei de Chalet kënnt, a wéi dës Persoun erreechbar ass.
• Dir krit dann de Schlëssel iwwerreecht, an alles vun eisem Homeverwalter erkläert.
• No ärem Openthalt kënnt eisen Homeverwalter dann nees laanscht, fir ze kucken op Alles an der Rei ass.
• Da gëtt d’Kautioun op äre Kont zeréck iwwerwisen.

D'Kautioun leit bei 300€, dëss musst dir extra dobai rechnen an iwwerweisen!

Kontakt

chalet@beggen.lgs.lu

Responsabelen: Claude Wolff

Adress

Home St. Christophe Beggen
224, rue des 7 Arpents
L-1149 Luxembourg

Geschicht

Am Joer 1960, drai Joer no der Grënnung vun de Beggener Scouten, hunn mir dëse flotte Chalet vun der Gemeng zur Verfügung gestallt kritt. Dëse Chalet ass zënterhier onst Home!

No 45 Joer guddem Déngscht war et allerdéngs néideg, fir och den aktuellen Hygiène- a Sécherheets-Bestëmmunge gerecht ze ginn, dësen ze renovéieren.

D’Renovatiounsaarbechten hunn am Joer 2004 ugefaangen, a sinn am Joer 2007 fäerdeg gestallt
ginn. Zenter 2008 kenne mir Iech eise Chalet erëm verlounen.

Starting From 200

Characteristics

Campingplatz

Availability Calendar

  Available   Partially Reserved   Not Available
December 2022
MonTueWedThuFriSatSun
   01 02 03 04
05 06 07 08 09 10 11
12 13 14 15 16 17 18
19 20 21 22 23 24 25
26 27 28 29 30 31  
January 2023
MonTueWedThuFriSatSun
      01
02 03 04 05 06 07 08
09 10 11 12 13 14 15
16 17 18 19 20 21 22
23 24 25 26 27 28 29
30 31      

Select a Check-in and Check-out Date

Opening Page
Close Page